|
18.Sept. Rentrée, PRD neien Home 24.-26. Sept. Ouverture Home PRD 16.-17. Oktober Jota/Joti, Home PRD 31.Okt. Halloweenparty, Dukes Pub. Bar 13. Nov. Bamplanzaktioun 20.-21.Nov. Chrëschtmaart, Sall Hild 28.Nov. Cortège St. Nicolas, Didd. 18. Dez. Chrëschtfeier PRD, Gymnase Butschebuerg
|
D'Anciens![]() Den Comité vun den "Les Anciens Peaux-Rouges" 11. März 2005 Texte français en bas D' "LES ANCIENS PRD " Association de fait as ee Groupement vu viirmolege Scouten a Guiden vun de Peaux-Rouges, ewéi och vun aanere Scouts- an / oder Guidengruppen äus Lëtzebuerg an dem Ausland. Doniewt regroupéiren d'Anciens Peaux-Rouges och nach d'Eirememberen vum aktive Groupe. Ët gouf schons virun laange Joëren eng Amicale vun den Anciens Peaux- Rouges, an dat bis an d'60er Joëren vum deem leschte Joerhonnert, iirt se sëch dun awer opgeléist huet. Dat Ganzt as duerno als "loses Gebinde" ënnert enger Equipe vu Frënn, bis an d'Joër 2002 weidergelaaf. Gären denken nach vill vun eisen Eleren un déi flott Momenter zeréck, wou sëch getraff gouf fir am Geescht vun eisem Scoutsgroupe eppes zesummen ze ënnerhuelen. Am Laaf vun de Joëren huet sëch dunn ee "Comité" forméiert, deen d'Traditiounen héichgehalen huet an ët as ëmmer weidergelaf, och esouguer nach an enger Zäit wou den aktive Groupe eng schwéier Kris duerchgemaacht huet, an nach grad emol äus ee puer treien Mêmberen bestanen huet. Mir wëllen hei awer och eise Verstuerwene gedenken. Ët sin der leider zevill fir si alleguerten eenzel opzeziehlen. An deem Sënn, a stellvertriedend fir all déi aner, erënneren mir eis un eng Serie trei Memberen, wou eis an deene leschte Joëren verlooss hun: de Leo EIFFES, de Fons QUARING an de Raymond SCHREIBER, d'Alice LENTZ-SCHERFF, den Louis LOOS, den René RUBBO, den Jang REISDORF, d'Margot ROSSA-SIEDLER, den Raymond THEVENIN an den Paul BASTIEN. Haut sin mer zanter dem 21. November 2002, also genau 89 Joër no der Grënnung vun de Boy-Scouts Peaux-Rouges, en eegestännegen Veräin mat engem Comité, Statuten, regelméissegen Aktivitéiten an och Versammlungen. Präsident as de Benny CLAUSSE, Vize-Präsident de Petz VALDAGNO, Sekretär de Guy SCHUBERT, Sekretär-Adjoint de René SCHUBERT, Trésorier de Nico FOUARGE, an als Comités-Memberen sin derbäi, de Vince ZAPPONE, de Nicky KLEIN, de René GOORIX, de Mil BECKER, de Fernand GILSON an kooptéiert de Joël REISDORF. De Vertrieder vum aktive Grupp bei den Anciens PRD as de Sylvain KONRAD. Keesserevisoren sin de René LOOS an de Jean HERRMANN. Informatiounen kritt Dir gären beim Sekretär Guy SCHUBERT um 621 665230 (GSM) oder per E-Mail op schubertguy(at)internet.lu oder lespeauxrouges(at)hotmail.com an zu gudder Lescht och nach ëmmer per Post iwwert eis Postkëscht 190 zu L-3402 DIDDELENG
L'association de fait "LES ANCIENS PRD" est un groupement d'anciens scouts et guides des Peaux-Rouges, qui affilie également des anciens scouts et guides d'autres groupes luxembourgeois ou venant de l'étranger. A part de ceci les Anciens Peaux-Rouges affilient également les membres d'Honneurs du groupe actif. 1917 Eclaireurs de Dudelange
|
|
Böschbotzen PRD / LNVL 12.06.2010
|
