18.Sept. Rentrée, PRD neien Home

24.-26. Sept. Ouverture Home PRD

16.-17. Oktober Jota/Joti,  Home PRD

31.Okt. Halloweenparty, Dukes Pub. Bar

13. Nov.
Bamplanzaktioun

20.-21.Nov. Chrëschtmaart, Sall Hild

28.Nov. Cortège St. Nicolas, Didd.

18. Dez. Chrëschtfeier PRD, Gymnase Butschebuerg


 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 


Branchen

Beaver
Wëllefcher
Scouten/Guiden
Explorer
Rover

 

 

 

 

 

 

Salut,

Bas du teschent 6 an 8Joer aal?
An wolls du nach emmer wessen waat Scouten sin ?
Bas du drun interesseiert d'Natur besser kennen ze leieren?

Ma dann bass du bei den Beaveren genau richteg!!

D'Beaveren sin bei eis die klengst, genauer gesoot Kanner am Alter vun 6 bis 8 Joer. Eis Idee ass et hinnen d'Natur an den Scoutissmus op eng ganz einfach Maneier beizebrengen.

Bei eis get net nemmen gebastelt an gespillt. Mär verzielen Geschichten aus der Beavergeschicht, sangen Beaverlidder an leieren wéi een eng Dänn vun engem Äppelbaam ennerscheeden kann. Mee daat ass nach laang net alles.

Wanns du elo genaueres iwwert Beaveren wessen wells dann komm einfach eng Keier Samschdes bei eis an den Scoutshome op den Roudebierg. Eis Versammlungen sin meeschtens vun 16.00 Auer bis 18.00 Auer.

Beaverklack,

D'Cheftainen : Lucie, Alexandra an Angie

zeréck

 

D'Wëllefcher "A wien as daat?", froen sech der bestëmmt vill. Maja, mir sin d'Jongen an d'Meedercher vun 8 bis 11 Joer. Zesummen mat eisen Cheftainen a Cheffen liewen mir an enger Meute, esou wéi sech daat bei de Wëllef gehéiert. Mir sin dem Mowgli séng Bridder a Schwësteren an zesummen mat him, dem Baloo, dem Bagheera an nach villen aaneren gin mir zesummen duerch den Djungel.

Do léieren mir villes iwwert d'Natur, d'Déieren, d'Beem an alles waat dozou gehéiert. Eis as et awer och wichteg, dass mir als Equipe zesummen halen an och een deem aaneren hëllefen.

Ons Devise as "MIR DIN ONST BESCHT!" an dorun halen mir eis och an alle Situatiounen. Egal ob daat elo bei engem Spill as, oder wann mir engem aaneren bei eppes hëllefen.

Zwee bis drai mol am Joer gin mir och fir eng oder zwou Nuechten fort. Da schlofen mir an engem flotten Chalet iergendwou hei am Land. Daat as ëmmer immens flott, well mir maachen Rallyen, Spiller, Bastelen,... An waat fir e Wëllefchen ganz wichteg as: mir maachen d'Wëllefchersverspriechen. Waat daat as? Komm bei eis a fann et eraus.

Wëllefchen sin as eng fein Saach, well mir si scho kléng Scouten an dierfen awer och nach vill Spillen. Mir sin, esou oft wéi d'Wierder eis et erlabt, dobaussen an der Natur, dofir hun mir nierft eisem Foulard och ëmmer e K-way an fest Schong dobai. An natiirlech dem Wëllefchen séng 5 Saachen dierfen mir nët vergiessen.

Eis Versammlungen sin normalerweis Samsdes am Home um Roudebierg vun 16h00 bis 18h00. Wanns du lo firwelzech gin bas, komm einfach eng Keier luussen.

D'Cheffen: Carine, Änder, François an Daniel

zeréck

 

Salut,

Mär begreissen äerch häerzlech op eiser Scouten/Guiden Sait!!! Hei kritt där mol e klengen Ableck an eis Branche. Mär sin e flotten Grupp mat Jugendlechen vun 11-15 Joer. Am Moment sin mär zu ongefeier 20 an eiser Branche, dorenner 3 Cheffen.

Wat man mär sou? Majo ganz vill flott Aktiviteiten :

  • Sortien
  • Campen
  • Visiten
  • Versammlungen
  • ……

Mär gesin eis all Samstes vun 16h00-18h00 an eisem Home. Do hun mär dann eis Versammlung. An deenen Versammlungen man mär Sachen wei:

  • Bastelen
  • Technik
  • Natur kennenleieren
  • Spiller
  • ….

Mär hoffen, dest huet dech motiveiert vir eng Keier bei eis kucken ze kommen.

Also zeck net an komm roueg lanscht.

Cheffen vun der Trupp: Manon, Christophe an Claudio .

zeréck

 

Wellkomm bei den Explorer!

Wat sin d'Explorer?

Explorer ze sin ass "decke Gaas" awer et ass net nemmen Spaass. Et ass kee Kannerspill. Et ass eng Lektioun fir d'Liewen am groussen Ganzen an fir dain eegent Liewen am Speziellen. Alles bei den Explorer soll wichteg sin fir d'Liewen haut an och an der Zukunft.

Virun allem ass d'Ziil vum Scoutismus "d'Erzeihung vun Jonken zu konstruktiven Memberen vun der Gesellschaft". Esou sollen d'Explorer am speziellen leieren fir d'Liewen an net fir een Doktorgrad ze ereechen, mä fir d'Liewen ze leieren soll och eng fun Aktiviteit sin.

Leieren kann een net einfach duerch een Zauber, et muss eng Struktur do sin, als Hellef fir ze gesin waat leeft. Et ass immens wichteg fir wieder an wieder ze froen FIRWAAT? Waat probeieren mir hei ze machen?

Hei kennt d'Explorer Methode an d'Spill!

Zu der Methode geheieren einfach e puer Elementer fir dass et klappt. Wann een all des Elementer beherrscht an kennt kann neicht schief goen.

Wei fonktioneieren d'Explorer?

D'Explorer fonktioneieren als Uniteit, daat heescht als klenge Grupp vun 5 bis 9 Leit.

All Member aus der Unitéit kritt eng Charge dei en dann och ganz serieux duerchfeiert. Zu den Chargen geheieren:

  • Président
  • Secretaire
  • Trésorier
  • Kach
  • Material Chef
  • Animateur fir d'Laun
  • asw.

Bei den Explorer get alles zesummen décideiert, organiseiert an duerchgefouert. Coordinatioun vun dem ganzen huet den Responsable Unité Explorer ganz einfach RUE genannt. Hien ass keen Chef, hien ass einfach do fir opzepassen dass alles klappt an mol déi verschidden Problemer ze léisen. Ennert aanerem ass hien och zoustänneg fir d'Relatioun zu deenen aaneren Branchencheffen, dem Gruppechef sou wei dem Explorercommissiarat. Ennerstetzt get hien vun engem Assitant Responsable Unité Explorer, ARUE genannt.

Eis Aktivitéiten bestinn aus ganz villen kreativen Sachen, wéi zum Beispill : Hyken, Campen, Pully, Bonne Actionen an nach vill méi!

Eis Versammlungen sin emmer Freides vun 19.00 Auer bis 21.00 Auer.

Vun eis alleguer en decken Merci dass du Zeit has fir daat ganzt hei ze liesen, an dass du den Wee fonnt hues op eis Seit.

Contact:
Scouts et Guides "Les Peaux-Rouges" asbl
Unité Explorer
Boîte postale 190
L-3402 Dudelange
Tel+Fax:522686

Dein Responsablen : de Gilles

zeréck

 

Salut Alleguer !

Mir sinn d'Rovers vun den PRD an frëen eis ierch all op eiser Roverseit begréissen ze kennen! Mir sinn déi "élsten" Branche an fänken do un wou et an den Eescht vum Liewen lassgét, d.h. bei 18 Joer an mer huelen jidderén gären op bis en der 27 huet. Dann gehéiert zwar kén zum aalen Eisen an kann och bei den Rovers mattmachen, mé international gesinn ass en dann schons en "Ancien Combattant".

Wat left dann esou bei den Rovers vun den PRD?

  • Sortien zesummen matt Grillen an Visiten
  • Campen, … och heindso an d'Ausland,
  • Versammlungen,
  • BA(Bonne Action)'en, wéi z.B. bei der Stëmm vun der Strooss,
  • ……………. !

Mär gesin eis é mol den Mount Freides owes, normalerweise um 20 Auer, an eisem Home. Do hun mär dann eis Versammlung, et siew mer sinn um Tour oder soss ennerwee !

An eisen Versammlungen ass et wichteg dass mer eis nett langweilen an och nett eis treffen fir d'Maueren vun eisem Home ze gesinn, dofir beschäftegen mir eis matt

  • Scoutstechnik heindso mol,
  • eisen Programm ausschaffen émol d'Joer,
  • Gemeinschaftsspiller kennt schon emol viir,
  • Scoutsissem an Form vun Virträg oder soss ass och emol wichteg,
  • …. an en Patt zesummen stét méschtens och um Programm ouni z'iwerdréiwen
  • …. zou gudder Lescht Informatiounen iwert eisen neien Scoutshome, wou et wéi an eisen Versammlungen an an eisem momentanen Scoutshome verbueden ass an bleiwt Friddenspeifen ze paffen (D'Rovers hunn Non-Fumeurs-Réuniounen !) .

Informatiounen kriss Du per Mail um info(at)lespeauxrouges.lu oder an eisem Home op der Telefonsnummer 522686 (Répondeur).

Mär hoffen, dest huet Dech motiveiert fir eng Keier bei eis kucken ze kommen.

Mir sinn éng flott an monter Equipe, jidderén ass wellkom, Du muss guer néischt kennen, … just gudden Wellen hunn an Letzebuergesch schwätzen (daat wier schon nett schlecht) !

D'Cheffen vun den Rovers : den Thierry an d'Michi

zeréck

 

Böschbotzen  PRD / LNVL  12.06.2010