18.Sept. Rentrée, PRD neien Home

24.-26. Sept. Ouverture Home PRD

16.-17. Oktober Jota/Joti,  Home PRD

31.Okt. Halloweenparty, Dukes Pub. Bar

13. Nov.
Bamplanzaktioun

20.-21.Nov. Chrëschtmaart, Sall Hild

28.Nov. Cortège St. Nicolas, Didd.

18. Dez. Chrëschtfeier PRD, Gymnase Butschebuerg


 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Click hei fir den Itinéraire vum neien Scouts Home
http://maps.google.de/maps?f=q&source=s_q&hl=de&geocode=&q=Rue+des+Gen%C3%AAts,+3482+D%C3%BCdelingen,+&sll=49.48123,6.105223&sspn=0.023811,0.073299&ie=UTF8&hq=&hnear=Rue+des+Gen%C3%AAts,+3482+D%C3%BCdelingen,+Esche+an+der+Alzette,+Luxemburg&ll=49.481844,6.0993&spn=0.023811,0.073299&z=14

De neien Home um Roudebierg

Baupläng, Bauaarbechten Step by Step & News

Fotoën vun de Bauaarbechten

STEP 1 : 05.12.2005

STEP 2 : 21.01.2006

STEP 3 : 03.02.2006

STEP 4 : 23.02.2006

STEP 5 : 02.05.2006

STEP 6 : 09.06.2006

STEP 7 : 27.07.2006

STEP 8 : 27.10.2006

STEP 9 : 23.12.2006

STEP 10 : 02.02.2007

STEP 11 : 28.06.2007

STEP 12 : 30.10.2007

STEP 13 : 15.02.2008

STEP 14 : 05.05.2008

STEP 15 : 28.08.2008

STEP 16 : 08.12.2008

 

STEP 17 : 19.09.2009

NEWS:

News vum Oktober 2009: D'Säiteweeër si befestegt an deelweis mat pavé/ gruine de Meuse belued ginn. D'Wiss ronderem ass scho gewues. De Brandschutz un der Lüftungsanlag  ass gemeet. Trepplécken aus Holz op der Bannentrap si geluet. 
D' Raumandeelung um 1. Stack ass emgang färdeg ze ginn. Den Ustrach an de Räim ass färdeg, souwéi d' Installatioun vun der Théik am grousse Sall.
Fir an den Home eran, ass e Badgesystem installéiert ginn.
Dank eise Memberen an der Fa. Ruhl  Ambiente, sinn eis aal Miwwelen vum aalen Home Butschebuerg an dee neien Home Roudebierg geplënnert ginn. Esou konnte mär déi éischt Versammlungen am neien Home ofhalen an och d' Scouts-Rentrée...

 

News  vum November 08 : D'Heizung fonktionnéiert, d'Weeër an d'Parkinger sinn färdeg op der ganzer viischter Seit, Hecken an Bëem goufen vun eisen Memberen gepflanzt virum Home an Mulch geschott am Kader vum « Daag vum Baam », den Buedem bannen gouf ganz gebotzt fir dass éng speziell Maschinn d'Plättecher behandelen kann, d'Bannendiiren sinn prett fir ze liwweren, d'Aarbechten um Elektresch ginn weider, …

NEWS vum 24.05.2008 : D'Firma MOSAIC-LINE vun Diddeléng lëet eis elo geschwenn déi rechtlech Plättecher an der Kichen d'Maueren erop an an den Diirzargen vun eisen Sanitäranlagen. Dass daat kann gemaat gin verdanken mer den Hären Benny CLAUSSE an René SCHUBERT fir den Montage vun all den feiersfesten F90-Gipswänn an der Kichen an am Traapenhaus ! Hinnen en décken Merci fir déi flott Aarbecht, dest awer och un den Mil BECKER fir den Bau an den Montage vum Grill fir an eis Zetär. Elo kann och d'Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL d'Heizung definitif uschléissen, den Stroum dohinnrer ass geluet an an dénen néxten Dëeg kennt den Stroum och bei d'Rollueden. Bei der Lüftungsanlag ass en ukomm an déi ass och schons ennert der regie vum Här Raymond NEPGEN gelaaf ! Den Optrag un d'Firma CESE ass färdeg an den Garagendach gett am Juni begringt. Ausserdem ass d'Commande un d'Firma PATRICK FARENZENA gebongt fir baussen alles ze begradegen an schéin ze maachen. Zou gudder Lescht hunn mer elo nach d'Diiren vum Rez-de-Chaussée an d'Kabinen vun Dammen an Härentoiletten sinn och an der Commande, dest alles bei der Schreinerei RUHL vun Diddeléng !


NEWS vum 27.02.2008: D'Firma MOSAIC-LINE vun Diddeléng ass praktesch färdeg eis nei Plättecher ze lëen. Ausser den Maueren an der Kichen ass alles prett an do félt eis just nach éng kléng Informatioun fir das och Kichen Plättecher kritt. Kurzfristeg kann och elo d'Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL d'Heizung montéiren (och do ass just nach éng Kléngegkét) an d'Firma TECNOPLUS den Stroum eranhuelen (do muss just d'CEGEDEL nach passéiren, den Accord vun hinnen hunn mer) esou dass mer och eis Rolladebn bewegen kennen fir dass eis Fensteren nett Opfer vum Vandalismus ginn. Op den Devis vun der Firma CESE waarden mer nach fir den Daach vun der Garage ze begringen. Ausserdem kennt den Devis vun der Firma PATRICK FARENZENA eran fir ze kucken wéi mer daat ganzt baussen gestalten wärten. Et gét weider um Bau !!


NEWS vum 27.02.2008: D'Firma MOSAIC-LINE vun Diddeléng ass am gaangen eis schéin nei Plättecher ze lëen an Déler vun den WCen an Douchen sinn schons färdeg. Mir sinn och beschäftegt Devien anzehuelen fir d'Feierklappen an den Plafongen (Secherhét) an d'Kabinnen an den WCer. Den 18. Februar 2008 ass och nach den Rendez-Vous matt Vetrieder vom NOVA NATURPREIS um Site fir eisen projet virzestellen, mir haaken ierch um Laafenden. Elo hunn mer och den Bau esouweit dass d'Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL d'Heizung montéiren kann an domadder och den Gas an den Home erakennt inklusiv Gaszähler. Als néxt wärten mer schons drunn denken fir dass mer an Eigenregie Skandatex op eis Wänn oppeschen kennen fir duerno unzestreichen. Ausserdém ass en Devis bei der Firma CESE vun Esch gefrot fir den Daach vun der Garage ze begringen an domat emweltfrendlech ze gestalten. Daat gét flott virun elo !


NEWS vum 14. Januar 2008 : D'Baussentraap ass Enn November gesaat gin. Den Telefon als ISDN-Uschloss matt der aktueller Nummer 522686 ass autoriséiert, d'Nummer 26522526 ass eis 2. Nummer ab 2009 fir Fax oder Telefon. D'Commande vun den Plättecher ass um Rullen, et ass virgesinn dass se am Februar geluet ginn. No énger Versammlung iwert d'Secherhét no der Kontroll vun INFOPLA / LUXCONTROL um Site (den 15.11.2007) sinn éng Serie Punkten, déi nach ze maachen sinn, festzesetzen an virun allem mussen „Brandschutzklappen“ an den Plafong agebaut ginn. Ausserdém ass och en Devis ugefrot fir d'Opdélung per Trennwänn vun den Reim um 1. Stack, d'Zoumaachen vun den Seitewänn, den Abau vun den Kabinen vun den Toiletten esou wéi dOpdoppelung vum Buedem op Partien vum 1. Stack. Mir sinn zou gudder Lescht nach virgesinn fir an d'éi méi enk Auswiel fir en Emweltpreis ze kréien, do ass den Rendez-Vous um Chantier den 18 Februar 2008 mam Raymond.


NEWS vum 11. November 2007 : D'Chappe um Rez-de-Chausée ass färdeg, d'Traap fir op den 1. Stack gesaat, et félen nach d'Träpplécker an d'Feinverschaffung, d'Baussentraap get d'néxt Woch gesaat. Den Stroum kennt och nach Mett November an d'Gebai, d'Heizung get gesaat esoubaal d'Trennwand prett ass, den Telefon als ISDN-Uschloss matt der aktueller Nummer 522686 ass ugefrot, d'Affaire matt der Commande vun den Plättecher ass um Rullen, d'Garagefenster ass ugefrot, Kontroll vun INFOPLA an LUXCONTROL um Chantier ass den 15.11.2007, den 20.11.2007 ass Rendez-Vous matt der Firma fir Plafongen, Trennwänn uewenop an an den Toiletten esou wéi d'Verschléissung vun den Wänn um 1. Stack. Der gesidd et léft vill, well daat wor nach nett alles.


NEWS vum 7. Oktober 2007 : Et gét elo no der Wakanz weider am neien Home. D'ZIMMEREI WALTER LUDWIG huet éng ganz Serie Klengegkéten nach färdeg gemaat, Bannenwänn zougebaut, d'Garage färdeg agekléd an d'Lach fir d'Fenster préparéiert. Den Devis vun der Firma KOLTES fir déi 2 Traapen ass och ukomm an et félen nach e puer technesch Détailer fir dass des bestallt ginn. Den Devis vun der Schappe ass nach beim Herbert BEE, eisem Koordinator, an dierft och elo ennert d'Loupe geholl ginn. Dann sinn d'Buedembeläg drunn, d'Sanitäranlagen an d'Kichen ginn op alle Fall emol ganz matt Plättecher beluet (Hygiene an Proppretéit) an déi aaner Reim eventuell matt Plättecher oder awer och aaneschters. Uewenop kennt viraussiichtlech éng Zort festen an awer bequemen Linoleum op den Buedem leien.


NEWS vum 15. August 2007 : Eisen Home ass elo un den Gaz, d'Waasser an den Kanal vun der Staad Diddeléng seit dem 27. Juli färdeg ugeschloss, dest ennert der tatkräfteger Matthellef vun der Firma PATRICK FARENZENA. D'Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG huet Tempo gemaat fir dass eis schéin Holzfaçade elo baal ganz färdeg ass an et dierft nett méi laang daueren bis desen Betrieb ganz oofschléisst. Am Moment gét et wéinst den Congéen méi lues, mëe ennert der Lédung vun eisem ganz aktiwen Präsident Raymond NEPGEN ginn schons monter déi néxt Schrëtt programméiert: den Devis vun der Bannentraap op den 1. Stack, dén vun der Schappe am ganzen Gebei, dén vun den Plafongen vum Rez-de-Chaussée eroof, … an nach e puer aanerer sinn gefrot. An vill aaner kléng Détailer sinn um Rullen !


NEWS vum 01. Juli 2007 : Bannen am Gebei sinn ass d'Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL matt dem Léen vun den Réier färdeg, d'Firma TECNOPLUS muss nach just d'Kichen virberéden, d'Firma LUDWIG mescht d'Façade baussen lues an lues zou. D'Fensteren gin elo nach geriit, reparéiert an / oder ersaat vun der Firma KOCH vun Tréier an d'Firma KOCH aus der Staad liwwert eis nach am Juli éng Garagepaart, den Blower-Door-Test op d'Gebei dicht ass stet Mett Juli um Programm. Den Kanal esou wéi Waasser, Stroum, Gaz an Uschloss un d'Zetär ginn Ufanks Juli vun der Firma PATRICK FARENZENA an den Home selwer eriwwer geluet. Duerno get d'Baussenzetär un den Oofwaaaseer- / Waasserréseau ugeschloss.


NEWS vum 01. Juni 2007 : Bannen am Gebei sinn d'Holzwänn um 1. Stack zougemaat, d'Firma LUDWIG ass matt der Fassade am gaangen (och am Holz), d'Waasser- an Heizungsleitungen sinn baal färdeg gezunn an d'Kabelen fir Stroum, Lueten, Alarm, Feieralarm an Rollueden sinn prett fir dass mer geschw¨renn éng Schappe drop kréien. D''Firma LUXCONTROL ass beoptragt fir d'Gebei ze iwwerpréifen um Niveau Secherhét an allen Sparten. D'Garagendiir ass bestallt bei der Firma KOCH am bordeau-roud. Den Kanal esou wéi Waasser, Stroum, Gaz an Uschloss un d'Zetär ginn elo kurzfristeg an den Home selwer eriwwer geluet vu dass d'Gerüst ewech ass an domadd d'Entrée frei.


NEWS vum 12.März 2007 : am Gebei ass den Buedem um 1. Stack zougeluet, d'Heizkierperen fir d'Noerhetzung hänken gréisstendéls op, d'Waasser- an Heizungsleitungen gin gezunn vun der Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL vun Diddeléng an d'Firma TECNOPLUS vun Sandweiler huet all Kabelen fir Stroum, Lueten, Alarm, Feieralarm an Rollueden ennert Botz geluet. Mir sinn dermadder beschäftegt d'Firma LUXCONTROL ze beoptragen fir d'Gebei ze iwwerpréifen um Niveau Secherhét an allen Sparten, mir hunn en Devis vun der Firma KOCH aus der Staad virleien fir éng bordeau-roud Garagenpaart. Mir waarden op Devien fir Bannentrap an Baussen-Feiertrap esouwéi fir d'Schapp um Rez-de-Chaussée. Et ass och drop an drunn dass genau festgeluet get wéi d'Façade soll ausgesinn no den Heiser zou an wéi op dénen 3 aaneren Seiten.


NEWS vum 02.Februar 2007 : D’Gebei ass baal färdeg montéiert, d’Fensteren an d’Diiren sinn an 14 Dég prett, duerno get d’Lüftung färdeg agebaut. D’Aarbechter vun der Firma CHAUFFAGE–SANITAIRE CLAUDE THILL fänken elo am Februar un, déi vun TECNOPLUS sinn am Asaatz.


NEWS vum 01.Januar 2007 : Et ass elo schnell gaang bis d’Chrëschtdég, d’Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG huet den neien Home op d’Buedemplaque drop gebaut, et ass elo wéi wann daat néischt gewierscht wier, mé waat elo an Zeit vun 6 Wochen gebaut gouf ass am Laaf vun 5 Joer geplangt ginn ! Eis Totalausgaaben leien elo op méi wéi 615.000.- € ouni déi kléng Rechnungen matt anzeberechnen. D’Fensteren an och d’Diiren, prett bestückt matt den Virberédungen fir elektresch Rolladen, vum Herbert BEE an och d’Lüftungsgerät vum Gebei matt all den Réier sinn nett nemmen geliwwert, mé déls och schons montéiert an virun allem bezuelt ! D’Aarbechten ginn elo Méindes, den 8. Januar 2007 wieder an dann gett d’Gebei vun der Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG färdeg montéiert an dicht gemaat. Am Moment léft éng Entfeuchtungsmaschinn 24 Stonnen op 24 fir d’Fiichtegkét aus den Reim erauszehuelen. Den Devis fir d’Aarbechten um Niveau Sanitaire, Chauffage an Waasser-Installatiounen + Zetäruschloss vun der Firma CHAUFFAGE–SANITAIRE CLAUDE THILL ass prett fir d’Ennerschreft, dén vum Elektreschen, der Alarmanlag an vum Feieralarm vun der Firma TECNOPLUS vun Sandweiler ass an der leschter Préparatioun. Mir hunn ausserdem Rendez-Vous bei der Firma PATRICK FARENZENA fir den Aménagement vum Terrain ronderem um Programm an mer waarden op den Devis vun OSCH & FILS vun Veianen fir ronderem den ganzen Terrain éng 2M-Clôture ze zéien matt grousser Agangspaart. Wann d’Gebei elo färdeg do stét, rechnen mer dass d’Firma CHAUFFAGE-SANITAIRE CLAUDE THILL als néxt kommen kann, waat dann zweschent dem 1.-15. Februar 2007 wärt esou sinn !


NEWS vum 06.Dezember 2006 : D’Firma ALOIS MULLER ass matt der Buedemplaque färdeg an d’Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG ass mam Montage vum Home am gaangen. Et stét schons en Gebei am Réihzoustand do wou den Dag schons baal drop ass. D’Firma ALOIS MULLER huet och just eis Zetär op der lénkser Seit vum Scoutshome färdeg gebaut matt Uschlëss versinn, se fänkt bis zou 10.000 Liter Waasser op, daat als Läschwaasser dingt am Falle eines Falles, awer normalerweis ginn eis Toiletten dorausser bedingt, daat ass ganz ökologesch. Des Zetär gett nach nodréiglech ausgerüst matt dérnéideger Mechanik an un d’Sanitäranlag vum Home ugeschloss. Vun der Firma TECNOPLUS vun Sandweiler waarden mer op dén finaliséirten Devis fir kennen d’Elektro-, Stroum-, Alarm an Feieralarmaarbechten ze bestellen, et ass daatselwecht matt der Firma Claude THILL, wou mer en Devis kritt hunn fir d’Sanitäranlagen an Leitungen an och d’Noerhetzung an d’Radiateuren an den Uschloss un d’Zetär. Den Vertrieder vun der Firma OSCH ET FILS huet och schons Rendez-Vous matt eis betreffend d’Umzäunung vum Gebei waat méi wéi 66 Meter wärten sinn an éng grouss Entréespart. Mir hunn och nach éng ganz Serie Hausaufgaben, déi op eis duer kommen wéi d’Léen vun Plättecher an Biedem, d’Plafongen, d’Feiertraap, d’Diiren bannen an den Ronderem, ….. an esou weider. Also och wann et elo gudd weidergét, et ass nett muer färdeg ! An zou gudder Lescht nach d’Info dass Mett Dezember och schons eis Fensteren an Diiren kommen, se sinn bordeaurood, d’Faarwen passen jo gudd zou den PRD. Ausserdém stét daat schwéiert Lüftungsgerät schons um 1. Stack an muss just nach montéiert ginn. Affaire à suivre !


NEWS vum 30.Oktober 2006 : Et gett esou lues en Stéck. D’Firma ALOIS MULLER ass esougudd wéi färdeg matt eiser Buedemplaque an dem Buedem vun der Garage. Mir waarden all Moment op d’Informatioun winni d’Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG den neien Home op des Plaque bauen kann. Finanziell gesinn sinn 125.000.- € Rechnungen ugefall fir d’Firma ALOIS MÜLLER ze bezuelen, d’Firma PATRICK FARENZENA huet bis elo kuurz iwert 140.000.- € bezuelt kruet an 200.000.- € Acompte ass elo schons un d’Firma ZIMMEREI WALTER ¨LUDWIG gaangen, daat sinn Totalausgaaben vun bis haut 465.000.- € ouni déi kléng rechnungen hei opzeleschten. Op d’Preisofferte vun den Fensteren vum Herbert BEE waarden mer nach, déi vuum Sanitaire, Chauffage an Installatiounen um Niveau Waasser ass bei der Firma CHAUFFAGE –SANITAIRE CLAUDE THILL vun Diddeléng ugefrot, déi vum Elektreschen, vun der Alarmanlag an vun der Feieralarm as schons erangelaaf vun der Firma TECNOPLUS vun Sandweiler, wou mer den 3. November 206 Rendez-Vous mam Patron, dem Här Jean-Marie SCHILLING hunn. Den Kontrakt fir d’Zouliwerrung vun Stroum op d’Plaatz ass no Emännerungen ennerschriwwen an akkordéiert. Den Devis fir d’Abauen vun énger Zetär vun 10.000 Liter ass akkordéiert an d’Financement festgeluecht. Dir gesidd et gét virun, vléit heindso lues, mé mir schaffen och ouni „Bureau d’Etudes“, waat eis 25.000.- € an méi spuert.


NEWS vum Juli 2006 : Seit den Congé Collectif am Bausektor Enn Juli ugefaangen huet, ass eis Bauplaatz an dém Senn färdeg prépareiert gin vun der Firma PATRICK FARENZENA fir dass d'Firma ALOIS MULLER no desem Congé elo ufänken kann fir d'Buedemplaque ze géissen. Et sin 2400m3 Buedem am ganzen ewech transportéiert gin an ongeféier déiselwecht Buedemmasse ass och nach op der Platz bewegt gin. Ausserdém sin am ganzen 450 Gabillons (daat sin Kierf aus Drot mat vill Sténg dran) fir den Hiwwel oofzesteipen agebaut. Mir hun kén Retard an dém Senn am Projet, d'Aarbeschten vun der Firma FARENZENA hun déls wiederbedingt mei lang gedauert. No der Buedemplaque Mett/Enn September setzt d'Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG eis eisen Home op d'Plaque. Kurzfristeg wärten mir vun eisem Planger, dem Här HERBERT BEE, d'Preispropositioun matt der genauer Kompositioun vun den bordeau-rouden Fensteren matt elektreschen Rolladen an Badge-Diiren iwermettelt kréien. Enn August kennt dann definitv och d'CEGEDEL un d'Reih fir déi definitv Stroumkescht op d'Plaatz ze stellen, den Kontrakt fir d'Zouliwerung vun Stroum op d'Plaatz ass des Woch färdeg ennerschriwwen zeréckgerécht gin un d'CEGEDEL.


NEWS vum 1.Juni 2006 : Mir sin elo aus der Plangphase eraus an d'Bauphase, den Devis vun der Firma PATRICK FARENZENA vun 82.000.- Euro ass ennerschriwwen an den Bagger vun deser Firma stét prett um Terrain fir des Deeg laszeléen. Den Devis vun der Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG fir den Hausbau ass och ennerschriwwen fir 300.000.- Euro, do sinn d'Plafongsverschlungen nett drann geloss ginn. Mir mussen elo nach matt eisem Planger, den Här HERBERT BEE, d'Fensteren matt Rollueden an d'Diiren finaliseieren. Den Kontrakt matt der CEGEDEL ass och ennert Dach an Fach an d'Diddelenger Gemeng stellt eis en Baustroumverdeeler zur Verfügung. Mir rechnen elo dass wann d'Wieder et zouleisst d'Firma PATRICK FARENZENA bis Enn Juni schafft, d'Firma ALOIS MULLER dann bis Enn Juli d'Buedemplack geisst an d'Uschless mescht an dann d'Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG nom Congé ufänkt an Enn September färdeg ass, daat kann awer och Enn Oktober ginn dem Wieder no.


NEWS vum 7.Mee 2006 : d'Resultater vun der Buedemanalyse sinn ganz positiv, gudden vleit ze drechnen awer festen Buedem. Mir ginn also lues an lues aus der Plangphase an d'Bauphase eriwwer, well just elo ass och den 1.Devis vun der Firma PATRICK FARENZENA erangelaaf, an et leit elo un eis am Aklang matt der Firma ALOIS MÜLLER vun Hermeskeil desen matt den Arbeschten vum Buedembauer oofzestemmen, grad esougudd op finanziellem wei op bautechneschem Niveau. Den 31.März 2006 war dann och dei 2.wichteg Entrevue, wou mer den Här Walter LUDWIG vun der Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG fir den Finissage vun engem Komplettdevis bei eis haaten, dén nach des Woch finaliseiert get an sech em 340.000 Euro emspillt, do ass awer nach ze kucken op mer dei 2. Plafongen drann lossen an dann mussen mer matt eisem Planger, den Här Herbert BEE, nach d'Fensteren an d'Diiren finaliseieren. Ausserdem ass den 2.Mee eisen Terrain vun engem Mattarbeschter vun eisem Diddelenger Fierschter, den Här Guy NETGEN, matt enger professionneller Maschin gebotzt gin esou dass all Gestrüpp an och d'Wuerzelen bis 10cm ennert dem Buedem fort kommen. Mam schlechten Wieder gouf et doduerch leider eng Zeitverschiebung an mer hoffen dass elo Enn Mee entweder FARENZENA oder MÜLLER matt hiiren Maschinnen fir den Nivellement respektiv fir eng zimlech laang Steipmauer kommen.


NEWS vum 1.Abrëll 2006 :et gét Stéck fir Stéck weider. D'Buedemanalyse ass den 21.März 06 vun der Firma GEO-CONSULT gemaat gin an d'Resultater sinn drop an drunn fir eis iwermettelt ze gin. Et geseit awer esou aus wei wann eisen Terrain gut bebaubar wier, dénen éischten prowisoreschen Resultater no! An enger Entrevue den 8.März 06 sinn mer matt der Firma ALOIS MULLER vun Hermeskeil handelsénz ginn fir d'Buedemplack ze géissen an d'Plangungsarbeschten matt der Koordinatioun zweschen den Handwierker ze iwwerhuelen. Et félt eis just nach d'Resultat vun der Buedemanalyse fir matt der Firma PATRICK FARENZENA en definitiven Devis auszeschaffen fir den Terrain ze aménageieren fir eist grousst Gebei vun 28m laang an 18m brét. Freides, den 31.Märzs 06 gesinn mer den Här MULLER fir d'Détailplangen vun der "Haustechnik" an den Här Ludwig ZIMMER vun der Firma ZIMMEREI WALTER LUDWIG fir d'Ausloten vun séngen bis elo an 3 gedélten Devien fir d'Gebei un sech drop ze bauen, wou et emmerhin em 370.000Euro gét. Am Abléck waarden mer och nach doropper dass eisen Diddelénger Fierschter den Här Guy NETGEN matt séngen Leit an matt Maschinen den Terrain esou botzt dass all Gestrüpp an Wurzelen bis 10cm ennert dem Buedem fort kommen. Enn Abrëll rechnen mer dass d'Firma FARENZENA als éischt kennt fir d'Nivelléieren vum Terrain.

NEWS vum 1.März 2006 : mir fänken un Resultater vun Joeren Arbescht ze gesinn. Den Kanal matt Hydrant sinn färdeg geluet an mussen nach just op eis Bauplaatz geszunn ginn wann eist Gebei esouweit stét. Den Besch ass bis baal 100m an d'Deift an ongeféier op énger Brét vun 30m ewech geholl ginn ennert der Leedung vum Diddelenger Fierschter Guy NETGEN. Mir hunn elo en Iwerbléck wéi den Terrain ausgeseit an d'Buedemanalyse, dei emmerhin 2500.- Euro kaschten wärt, gett am März elo vun der Firma GEO-CONSULT gemaat. Dann wessen mer wéi den Terrain ennendrenner ass esou dass mer fest opbauen kennen. Ausserdém ass déi definitiv Demande bei der CEGEDEL agerécht fir den prowisoreschen an dén färdegen Uschloss fir Stroum, daat kascht eis erem eng Keier 318.- Euro, elo gét et lass matt den Fraien! Mir haaten och den 21.02.2006 éng "Bau-Ausschuss-Sitzung" zou Tréier matt den Entrepreneurs an matt eisem Planger, dem Här Herbert BEE. Mir hun do d'Firma ALOIS MULLER vun Hermeskeil zeréckbehaalen fir d'Buedemplack ze géissen, den Terrain wärt vun der Firma PATRICK FARENZENA planéiert ginn an prett fir datt den Home kann drop gebaut ginn. Et ass en grousst Gebei vun 28m laang an 18m brét an daat bedeit dass et héscht vill Buedem, Schlaacken an Sand bewegen iert eppes ze gesinn ass.


NEWS vum 1.Januar 2006 : mir rechnen elo domadder dass mer Mett März ufänken kennen ze bauen vu dass baal all Konditioune vun der Stee erfellt sin: den Entrepreneur Patrick Farenzena huet den Gruef d'ganz rue des Genêts erop bis baal bei d'Bauplatz gezunn, et bleiwt daat Steck bis ganz erop an dém Senn an den Raccord eriwwer op dei Platz wou den Home herno stoen kennt. An dém Gruef leit dann d'ganz Infrastruktur dran: Kanal, Stroum, Waasser, Antenne an Postlinn. Mir hunn Mett Dezember och nach dei volumineis "Demande d'Exploitation" bei der ITM via Emweltverwaltung eragerécht, och dest rullt. Mett Februar missten d'Bém vum Diddelenger Fierschter an Koordinatioun matt eisen Leit oofgeholzt ginn an en Rendez-vous matt den Gemengenservicer stét nach aus esougudd wei dass dei verschidden Demanden bei Gemeng an CEGEDEL betreffend dei färdeg Uschless mussen erangerécht gin, dest dierft am Januar iwert d'Distanz goen.

NEWS vum 1.Dezember 2005 : et gét emmer mei schnell hei an elo fänkt den Projet lues an lues un duurchzestarten. Den Entrepreneur Patrick Farenzena ass amgangen am Optrag vun der Diddelenger Gemeng en Gruef d'ganz rue des Genêts erop bis bei d'Bauplatz ze léen, eventuell bis do wou den Home herno stoen kennt. An dén Gruef kennt d'ganz Infrastruktur dran, daat héescht Kanal, Stroum, Waasser, Antenne an Postleitung. Mir wärten elo kuurzfristeg och nach dei volumineis "Demande d'exploitation" bei der ITM via Emweltverwaltung eranréchen, dann ass och daat um Rullen. Et dierft och nett lang daueren bis d'Bém op der Platz ofgeholzt ginn. Ausserdém ass d'Konventioun mam Jugendministère esou gudd wei unter Dach und Fach.


NEWS vum 1.November 2005 : och hei léft alles op Hochtouren. D'Entrevue um Emweltministère ass op der gewonnener Seit ouni vill Problemer. D'Gemeng lét nach am November den Kanal d'ganz rue des Genêts erop bis bei d'Bauplatz an eventuell bis do wou den Home herno stoen soll. Mir bekemmeren eis elo nach em dei volumineis "Demande d'exploitation" dei iwert den Wanter ewech bei der ITM eragerécht get. Dann ginn an der kaaler Saison d'Beem (wann een dat wat do steet nach sou nenen kann) oofgeholzt, den Buedem ageebnet,...! An ausser soss enger Série Hausaufgaben héscht et schaffen vu dass mer op der finanzieller Seit nach net gewonnen sinn an nach vill op verschiddenen Plaatzen muss verhandelt gin!


NEWS vum 1.Oktober 2005 : Den Akkord fir en Cop-Finanzement vun 375000.- Euro vum Jugendministère hun mer Enn August kritt, d'Emweltgenehmegung fir den Besch oofzeholzen ass den 14. Juli eragelaaf, den Kommodo-Inkommodo dierft Mett Oktober färdeg ginn, d'Demande d'Exploitation bei der ITM gett Ufanks Oktober eragerécht, d'Baugenehmegung ass em 1 Joer verlängert gin, d'Entrevue um Emweltministère, wou et dann emol provisorech fir d'lescht em d'Wurscht gét ass den 12. Okotber 2005, duerno gett den Kanal matt Stroum, Postkapp, Gaz an Antenne erungeluet,.... mir haalen ierch um Courant!


NEWS vum 30. Abrëll 2005 : Mir sin am gaangen décken Drock ze maan fir dass d'Bém op eiser Bauplaatz dierfen ewech geholl gin (se sin all futti oder emwelttechnesch mei schiedlech wei netzlech) an hun dei néxt Entrevue mat eisem Planger Freides, den 13.Mee 05 fir dann iwert Preis an Suen ze schwätzen fir dei offiziell Demande beim Jugendministère ze maan, wou mer eng provisoresch Autorisatioun hun.


NEWS vum 1. März 2005 : Eng Entrevue am Judendministär fir dei finanziell Genehmegung vum Projet war en gudden Succès an elo kennt schon dei néxt Entrevue den 8.März mam Diddelenger Schäfferot eng Léisung betreffend Kanal an Buedem ze fannen (100m Kanal, Waasser, Stroum, Postkabel an eventuell Gas mussen vun der Cité eropgeluet an 1700m3 Budem mussen évakuéiert gin). D'Demande fir den "Etablissement Classé" (Kommodo-Inkommodo Klass 2) ass elo färdeg prépareiert an kann no Entrevue mam Bauunternehmer am März agerécht gin esou wéi dén Moment och nach virun der Ouschtervakanz den Courrier matt Dokumentatioun un den Ministère gét!


NEWS vum 1. Februar 2005 : d'Entrevue mam Responsablen vun der Baufirma "PASSIV21" vun Hermeskeil war Freides den 21. Januar 2005. Et stét elo fest dass mer virgesin Ufanks Oktober den Spuetstech ze maan. Et bleiwen definitif ze léisen den Kanalproblem (100m Kanal, Waasser, Stroum, Postkabel an eventuell Gas mussen vun der Cité eropgeluet gin) an den Buedemproblem (1700m3 Buedem mussen evakuéiert gin) ze léisen. D'Demande fir den "Etablissement Classé" (Kommodo-Inkommodo Klass 2) ass préparéiert an kann am Februar prowisoresch agerécht gin. Et bleiwt den Rendez-vous ze fixeieren mam Vertrieder vum Familljeministère fir d'Subsidéierung vum Projet. Et gét weider!


NEWS vum 1. Januar 2005 : et gét Steck fir Steck weider fir d'Préparatiounen vum Bau-Ufank virunzedreiwen. Als néxt ass elo d'Entrevue matt der Baufirma, eis an den Gemengeninstanzen um Programm fir den Kanalproblem (150m Kanal, Waasser, ... mussen vun der Cité eropgeluet gin) an den Buedemproblem (1700m3 Buedem mussen evakueiert gin) ze léisen, simultan gouf am Dezember d'Demande fir den "Etablissement Classé" (Kommodo-Inkommodo) gemaat, dén op derselwechter Entrevue duerchgekuckt an kompléteiert gett!


NEWS vum 1. Dezember 2004 : mir hun endlech déi heissersehnten Baugenehmegung, se ass den 21. Oktober 2004 vum Buergermeeschter Alex BODRY ausgestallt gin an mir hun se den 23.November 2004 kritt. Elo ass eng Entrevue matt den Instanzen um Programm fir den Kanalproblem (150 m Kanal, Wasser, ... mussen evakueiert gin) ze leisen, simultan get am Dezember d'Demande fir den "Etablissement Classé" (Kommodo-Inkommodo) gemat an am Februar présenteieren mer esi beim Jugendministère fir d'Subsideierung vum Projet.


NEWS vum 27. September 2004 : d'Entrevue mam Schäffenroot ass gelaaf an et héscht elo d'Baugenehmegung an den Kommodo/Inkommodo unzefroen, waat net grad neischt un Aarbescht ass. Vun der Gemeng hiirer Seit aus get gekuckt den Problem mam Kanal an matt der Infrastruktur bis op d'Plaatz ze leisen!


NEWS vum 1. September 2004 : d'Entrevue mam Schäffenroot steet elo un fir ze kucken wei et matt Genemegung an Finanzen stet, den Rendez-vous beim Familljenministär ass virgeplangt. D'Autorisatioun vum Emweltministär hunn mer den 14. Juli kritt an domadder en schweiren Schratt gepackt!

 

Böschbotzen  PRD / LNVL  12.06.2010